10 January 2025
Aweiung vum Osteodensitometer am CHdN zu Wooltz – 10.01.2025
Haut huet d’Gesondheetsministesch Madame Martine Deprez am CHdN zu Wooltz eisen Osteodensitometer ageweit. Dësen Apparat ass mat modernster Technologie ekipéiert déi, ënner anerem, d’Schanken-Dicht moosst.
D’Gesondheetsministesch huet ënnerstrach, dass dëst eng wichteg Etapp am Objektiv ass fir d’Waardezäiten an den Diagnostik vun Osteoporos ze reduzéieren.
Den Ament muss een am CHdN ongeféier dräi Woche waarden, bis ee bäikënnt. Wéi bei normale Röntgen muss de Rendez-vous vun engem Dokter verschriwwe ginn.
Rendez-vous’e kann een online reservéieren: https://rdv.chdn.lu/dxplanning/webbooking