14 October 2024
Broschtkriibs Konferenz ënner der Leedung vum Dr. Pit Duschinger

Toutes les actualités

Dat delikat Thema 𝗕𝗿𝗼𝘀𝗰𝗵𝘁𝗸𝗿𝗶𝗶𝗯𝘀 war e Samschden, 12. Oktober am Zentrum vun enger Konferenz déi de CHdN am Schlass zu Woltz organiséiert huet.

Ënner der Leedung vum Dokter Pit Duschinger, hunn eis Experte Mme Bérénice Hansen, Dr Stéphanie Béckené, Dr Laurent Kintzelé, Dr Sarah Hendriks an den Dr Claude Schalbar iwwert d’Preventioun, den Diagnostik, d’Biopsie, d’Tumorkonferenz, d’Operatioune sou gutt wéi iwwert d’Vir- an d’Nobehandlung an der Onkologie sou wéi och den Encadrement vu Patientinne presentéiert.

Beim Encadrement vun de Patientinnen ass d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht mat de Partner Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale Luxembourg, Fondation Cancer Luxembourg, Europa Donna Luxembourg asbl, Think Pink Lux , ALGSO – Groupe Sportif Oncologique ënnerstrach ginn.

Et bleift ervirzehiewen dass e fréien Diagnostik duerch reegelméisseg Selbstkontroll an eng Mammographie all zwee Joer, ganz wichteg sinn. Beim klengsten Zweifel net zecken an den Dokter froen!

Demander un rendez-vous