29 July 2024
De CHdN huet en néien Apparat fir diagnostesch an interventionell Opnamen

Toutes les actualités

Dësen 𝘈𝘳𝘵𝘪𝘴 𝘡𝘦𝘦 𝘷𝘶 𝘚𝘪𝘦𝘮𝘦𝘯𝘴 favoriséiert d’Aarbecht wéinst der grousser Flexibilitéit vum Apparat tëscht den Dokteren an den ATM’en. Di extreem schaarf Bildqualitéit mat excellente Kontraster erméiglecht et villsäiteg Prozeduren ëmzesetzen.

Follgend Opnamen an Interventioune ginn heimat ugebueden:

  • artikulär Infiltratiounen
  • Placement vun de Katheter (Picc Line)
  • Ënnersichunge vum Verdauungssystem
  • Arthrographien
  • gynekologesch Ënnersichungen (Hysterographie).

Är Froe beäntwert eis Ekipp aus der Imagerie Médicale gären.

Demander un rendez-vous