2 October 2024
Eng Ekipp vum CHdN war op der Healthcare Week Luxembourg 2024

Den Dr Paul Wirtgen huet eng Presentatioun iwwer de Challenge vun der Digitaliséierung an de lëtzebuerger Spideeler gemeet, suivéiert vun engem interessanten Echange mam Public.
Op der #HWL24 huet eisen Medezineschen Direkter, den Dr Jean-Marc Cloos eng Presentatioun mam Titel « Le bureau de management de projets (PMO) au Service de la Réussite des Projets en Milieu Hospitalier » gi suivéiert vun engem interessanten Echange mam Public. Hei de ganzen Text : http://bit.ly/4dv097r
Eng Ekipp vum CHdN huet den innovative Projet « SMS to patient » bei den #HWL24 Awards presentéiert. Dëse Projet erlaabt dem Patient d’Waardezäit vun den Urgence ausserhalb vun der Salle d’Attente ze verbréngen ouni säin Tour ze verpasse well e kuerz virdru per Message geruff gëtt.