21 October 2024
Journée AVC am CHdN – 21.10.2024
Haut, fir d’Journée vum AVC war d’Ekipp vu Blëtz asbl erëm am CHdN zu Ettelbréck.
Zesumme mat eise Kolleegen hu si iwwer d’Preventioun vum Hiereschlag informéiert. D’Infirmière aus der Neurologie an d’Neurologen hu bei den ageschriwwene Visiteuren en Ultraschall vun der Karotide gemaach.
Léiert och dir d’Unzeechen ze erkennen, séier ze réagéieren a liewensverännernd Gewunnechten unzehuelen.