5 February 2025
Journée Cancer am CHdN – 04.02.2025

Toutes les actualités

De 4.2. um Weltkriibsdag huet de CHdN sech mat enger Sensibiliséierungskampagne zum Thema Kriibs, Ernärung a Sport mobiliséiert.

Eis Ekippen, zesumme mat de Partner Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale Luxembourg, Europa Donna Luxembourg asbl, Think Pink Lux, ALGSO ALGSO – Groupe Sportif Oncologique, Omega 90, Centre de Réhabilitation du Château de Colpach et @Nutricia.be ware fir all Renseignement a praktesch Informatioun iwwert Präventioun vum Kriibs do.

D’Wichtegkeet vun der Ernärung a vun der Beweegung, der Reeducatioun a vum Sport allgemeng, wärend an no enger Kriibsbehandlung goufen hei ënnerstrach.

De CHdN, als designéiert europäesch zertifiéiert Spidol an der Onkologie (ESMO), a seng engagéiert Ekippe stinn eise Patienten ëmmer op dem schwierege Parcours bei.

#ZesummegéintdeKriibs

Demander un rendez-vous