14 March 2025
Journée du Rein

📌 Fir den internationalen Nierendag, den 13.03.205 war eng Ekipp vum Service National de Néphrologie zu Ettelbréck prett fir iwwer d’Nieregesondheet opzeklären.
🔵 Bei dëser Geleeënheet hunn eis Experte Bluttzocker a Bluttdrock gemooss, eis Diététicienne hunn Ernährungsrotschléi ginn an et si wichteg Informatiounen iwwer d’Dialyse an och Medikamenter an hir Effekter op d’Nieren diskutéiert ginn.
Merci dem Service dialyse, Service diététique a Kinésithérapie.