21 October 2024
my DSP on Tour – 23.10.2024

Toutes les actualités

Mëttwoch, 23. Oktober 2024 sinn d’Experte vun der Agence eSanté am CHdN

Am Kader vun der “myDSP on Tour” Initiativ, ass d’Agence eSanté am CHdN, fir de Gesondheetsberuffler a Patienten dobäi ze hëllefen, hiren eSanté Kont z’aktivéieren.

Dank dëser Aktivatioun ass e sécheren Zougang op den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé – DSP) méiglech, iwwert dee Labosresultater, medezinesch Biller a vill méi opgeruff kenne ginn.

Wéini: 23. Oktober 2024 vun 9:00 bis 18:00 Auer
Wou: CHdN Ettelbréck, Hall d’entrée

D’Experte vun der Agence eSanté sinn op der Plaz fir all Är Froen iwwer d’Gestioun vum DSP ze beäntweren. Eng personaliséiert Hëllef gëtt ugebueden, fir d‘ Gestioun vun der digitaler Gesondheet an d’Hand ze huelen!

Demander un rendez-vous