7 October 2024
Online Rende-vous’e fir d’Mammographie a Radiologie conventionnelle

TechNews aus dem CHdN :
Eisen Online Rendez-vous System ass erweidert. Ab haut kënnt Dir och är Rendez-vous’e fir d’Imagerie médicale (Mammographie a Radiologie conventionnelle) ONLINE maachen.
Spuert Zäit a reservéiert är Consultatioun direkt op eiser Websäit. Wielt de Site, den Dokter, den Datum an d’Zäit déi Iech am beschte passen, a just e puer Klicks.
Innovatioun an digital Transformatioun, fir Iech déi bescht Méiglechkeeten a Servicer ze bidden.